D’Ëmfeld huet sech geännert an déi Jonk musse sech doranner zurecht fannen. Doranner ware sech déi dräi jonk Politiker a Politikerinnen am RTL-Background eens. Invitéeë waren d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt, den CSV-Deputéierten an Iechternacher Conseiller Ricardo Marques an de President vun der Jugend-Sektioun vun der ADR, der Adrenalin, de Maksymilian Woroszylo.
D’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt huet betount, dass een Ängschte wéi de Klimawandel muss eescht huelen, mee déi ënnerschiddlech Erausfuerderunge sollten net dozou féieren, dass eng ganz Generatioun opgëtt. Et gouf ëmmer nees Erausfuerderungen, déi Gesellschaften an domadder och Generatioune prägen, esou d’Claire Delcourt. Et kéint een éischter vun Zykle schwätzen.
19 Prozent Chômage ënnert deene Jonken dierft een net kal loossen, esou den CSV-Deputéierten an Iechternacher Conseiller Ricardo Marques. Et géing um “Matching” tëscht Employeur an Employé haken. De Lien tëscht Ausbildung, Studium an Aarbechtsmaart sollt besser fonctionéieren.
De Maksymilian Woroszylo vun der ADR huet ervirgehuewen, wéi wichteg Stagen och wärend der Schoulzäit sinn, fir dass Jonker schonn Erfarunge sammele kënnen an doduerch besser wësse wat engem gefält a wéi eng Aarbecht ee maache wëll.
Astigsproblemer a befriste Kontrakter sinn e strukturelle Problem an den Drock sollt net eleng op enger jonker Generatioun leien. Et wier net eng eenzeg Generatioun Schold un den aktuellen Erausfuerderungen a Problemer.
De President vun der ADR-Jugendsektioun Adrenalin huet awer dozou appelléiert, dass déi Jonk sech méi missten upassen. An deem Kader huet de Maksymilian Woroszylo gesot, seng Partei géing dowéinst déi sozial Plattformen net verbidden, fir Jugendlecher ënner 16 Joer, well senger Usiicht no dat kritescht Denken éischter misst gefuerdert ginn amplaz Verbueter en place ze setzen. Op deem Punkt hunn d’Deputéierte vun der CSV an der LSAP sech fir e Verbuet ausgeschwat.
Sozial Kompetenzen, wéi pünktlech sinn als einfacht Beispill, esou de Ricardo Marques, sollte vill méi fréi als wichteg ugesi ginn, och scho bei de Kanner. Dorunner sollt an de Schoulen och ugesat ginn. Esougenannt Soft Skills sollten Jonker méi prägen, wéi déi sozial Medien, déi bewisener Moossen d’Leit an eng Spiral zéien.
Wat d’Aarbecht ugeet, esou wéilt d’LSAP mat enger Aarbechtszäitverkierzung fir eng besser Work-Life-Balance suergen. Esou dass d’Leit an och Jonker hir Aarbecht gären a motivéiert maachen an doduerch och méi produktiv sinn. Fir déi aner zwee Invitéeë wier dat allerdéngs keng Léisung fir d’Wirtschaft ze fërderen, soten de Maksymilian Woroszylo an de Ricardo Marques.
Op d’Fro, wisou d’Loyeren trotz de sëllege Logement-Mesurë geklomme sinn, sot den CSV-Deputéierte Ricardo Marques, dass d’Mesuren, déi ënnert der CSV-Regierung geholl goufen, méi laangfristeg misste gekuckt ginn. Hien huet awer och verdeedegt, dass d’Seuile fir d’Primmen oder d’Eligibilitéit fir de soziale Wunnengsbau gehuewe goufen, esou dass elo vill méi Leit eligibel sinn. Seng Partei, d’CSV, wéilt nach dëst Joer weider Mesurë virstellen, fir dass méi ka gebaut ginn.
Trotzdeem misst einfach méi gebaut ginn, betount de Ricardo Marques. D’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt huet ugemierkt, dass iwwert de Leerstand net genuch géing geschwat ginn.
De President vun der Jugend-Sektioun vun der ADR, der Adrenalin, de Maksymilian Woroszylo huet sech och fir méi Studentewunnengen ausgeschwat. Dat wier wichteg fir mëndeg Bierger, déi wëlle studéieren, z’ënnerstëtzen. Doriwwer eraus huet de jonke Politiker de Wuesstem als d’Ursaach vum Problem ervirgehuewen.
Wat d’Temoignagë vu Jonken ugeet, déi empfannen, dass Refugiéen éischter eng Wunneng géinge kréie wéi Residenten, hunn d’LSAP- an den CSV-Deputéierte betount, dass dës Persounen iwwerhaapt net prioritär géinge behandelt ginn. D’Claire Delcourt huet et als geféierlech bezeechent, esou en Empfannen ze verbreeden, well et net faktebaséiert ass.
De Maksymilian Woroszylo vun der ADR huet sech dofir ausgeschwat, dass Refugiéen, déi de Statut refuséiert kruten an am Fong net méi dierfen hei bleiwen, vill méi séier sollen d’Foyeren an d’Land musse verloossen. Mat de Plazen, déi dann an de Foyere géinge fräi ginn, wéilt de Maksymilian Woroszylo Familljen an Nout hëllefen.
Wat den Echange an der Politik ugeet, esou wier deen awer gutt an et géing een och als jonke Politiker oder als jonk Politikerin eescht geholl ginn an de jeeweilege Parteien. Do ware sech déi dräi Invitéen eens.
“Mir hunn déi perfekte Mëtt erreecht vun Erfarung an Erneierung”, sot dozou den CSV-Deputéierte Ricardo Marques. Déi, déi méi Erfarung hunn, wieren awer och hannert engem fir ze beroden, esou d’Claire Delcourt vun der LSAP. Um Nationalkongress vun der Adrenalin hätt een och gesinn, dass den Echange do ass, esou och de Maksymilian Woroszylo. “Mir haten nach ni esou vill Deputéiert a Partei-Mandatairë present, déi eng Gaascht-Ried gehalen hunn.” De Maksymilian Woroszylo huet och ervirgehuewen, dass d’ADR-Fraktioun an der Chamber déi jéngsten ass, wann ee sech den Altersduerchschnëtt ukuckt.
Op d’Fro, ob sech d’Claire Delcourt eventuell als Co-Parteipresidentin nieft dem Georges Engel gesäit, huet déi jonk Politikerin geäntwert, dass hire Parteikolleeg e ganz gudde Choix fir d’Partei wier. Et ass jo gewosst, dass d’Claire Delcourt gefrot gi war fir dat Mandat, si hätt sech och immens geéiert gefillt an sech dat laang iwwerluecht. Et wier fir si awer aktuell net den Zäitpunkt, fir dee Schratt ze maachen, well si virun zwee Joer Deputéiert ginn ass a sech do mol an d’Dossieren eraknéit. Och zwee kleng Kanner fir déi si wëll do sinn. “Do muss ech soen, meng Zäit kënnt villäicht iergendwann, mee et ass elo net de Moment. Ech hunn aner Defien, déi ech ganz gäre maachen an déi wëll ech och gutt maachen.”
Allgemeng ware sech d’Invitéen eens, dass si duerch hir Aarbecht nach vill fir déi Jonk wëlle maachen. Et misst ee si awer och an den Debatte méi abannen, sot de Maksymilian Woroszylo vun der ADR. De Ricardo Marques huet sech ganz zouversiichtlech gewisen, fir nei Perspektiven ze schafen. Déi Jonk solle sech och selwer méi abréngen, esou dat lescht Wuert vun der Claire Delcourt vun der LSAP. Dofir wier d’Politik och do, fir de Kontakt hierzestellen. Jonker sollte virun allem keng Angscht hunn, sech matzedeelen an hir Iddien ze verbreeden.
E Samschdeg ware Vertrieder vun LSAP, CSV an ADR an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.