Dat a bei negativem Test de Bierger Certificaten ausstellen. Et bedauert een, dass am Virfeld net doriwwer diskutéiert gouf.
Elo géif all Gemeng maache wéi se wéilt. Déi eng géife mat den Apdikten zesummeschaffen, anerer hir gratis Schnelltester un d’Horeca-Betriber viruginn. Nëmmen e puer Gemenge wiere bis elo op de Wee gaangen, fir selwer kleng Testzenteren op d’Been ze stellen.
Et misst een hei bedenken, dass de Gemenge-Mataarbechter mat der Kontroll vun deenen Tester eng grouss Responsabilitéit zougemutt géif, sou d’Bedenke vum Syvicol.
Vun enger Rei Buergermeeschtere war et och d’Kritik, dass Konkurrenz an Drock tëscht de Gemenge kéint entstoen, wann zum Beispill déi eng hir Bierger op e Schnelltest mat direktem Certificat géif invitéieren, d’Nopeschgemeng dat awer net géif maachen. Ëmmerhin ass et de Gemenge fräigestallt, ob se déi gratis Schnelltester vun der Regierung ofhuelen an offréieren oder net.