
Zënter dem Ufank vum Krich am Noen Osten, dee jo massiv Auswierkungen op d’Präisentwécklung huet, vue dass den Iran déi wichteg Handelsstrooss vun Hormus blockéiert, ass de Präis vum Sprit op der Welt an d’Luucht geschoss.
Zënter dem Ufank vum Krich den 28. Februar ass de Präis vum Diesel staark, nämlech ëm iwwer 37 Cent de Liter geklommen, dat vun 1,485 Euro de Liter (Stand 3.3.26) op 1,856 Euro de Liter (Stand 17.3.26).
Änlech beim 95er Bensinn, hei gouf et am selwechten Zäitraum eng Präiserhéijung vu bal 22 Cent, dat vun 1,483 Euro de Liter (Stand 3.3.26) op 1,702 Euro de Liter (Stand 17.3.26). Den 98er Bensinn ass vun 1,617 Euro op 1,779 Euro de Liter an deem Zäitraum geklommen, wat mat 16 Cent déi klengsten Augmentatioun ausmécht.
Sou wéineg wéi ee maache kann, fir de Krich op en Enn ze bréngen, sou wéineg Afloss huet een och als Konsument op de Präis bei Bensinn an Diesel. Wann een den Auto brauch, sinn engem d’Hänn gebonnen an et muss ee wuel oder iwwel mat der Deierecht liewen... Wat een allerdéngs wuel steiere kann, ass den eegene Konsum vum deiere Sprit. Hei e puer Tipps an Tricker, fir deen een oder anere Liter op eng Fëllung ze spueren.
Maacht och bei eiser Ëmfro ënnen am Artikel mat, mir si gespaant op Är Rotschléi an Äert Fuerverhalen!
Wien dauernd op de Gas dréckt a staark ofbremst, dee verbraucht vill Energie, ergo onnéideg Diesel oder Bensinn. Haaptpunkten, déi ee generell soll beim Autofueren am Bléck halen, fir Sprit ze spueren, ass e rouegt a gläichméissegt Fueren, sou wéi de Bléck no vir ze riichten, Situatiounen z’antizipéieren an d’Fuerweis fréi unzepassen.
Am meeschte Sprit dierft ee spueren, wann een héich Vitessen evitéiert an och probéiert, net ze séier an hefteg ze beschleunegen. Virun allem op der Autobunn huet een d’Tendenz dat emol ze maachen, wat natierlech de Contenu vum Tank iwwerduerchschnëttlech séier opfrësst. Wann ee sech d’Anzeig vum Verbrauch bei sou Momenter ukuckt, weess een, wat domadder gemengt ass.

Wie roueg a mat genuch Ofstand fiert an net all Situatioun notzt fir Gas ze ginn, kënnt méi gënschteg (an niewebäi och méi sécher) u säin Zil. Ma och wann een an der Stad ënnerwee ass, wou een, wann een net oppasst, dacks ëmmer nees stoe bleift an dann nees beschleunegt, kascht onnéideg Geld.
Wann een eng manuell Schaltung am Auto huet, soll een, fir manner Sprit ze verbrauchen, fréi an de méi héije Gang schalten, virun allem bei modernen Autoen ass dat kee Problem méi, d’Gefier riskéiert praktesch net méi auszegoen. Vill Autoe weisen engem och am Cockpit un, wéini een an den nächste Gang schalte soll, dorunner soll ee sech am Beschten och halen.

Et hëlleft generell, de Bléck no vir ze hunn a fréi Situatiounen z’erkennen an anzeschätzen. Wie vu wäitem erkennt, dass ee wéinst engem Stau oder enger Vitess-Limitatioun méi lues fuere muss, ka fréi vum Gas an den Auto ausrulle loossen. Och bei roude Luuchten ass dat eng richteg Hëllef. Vill modern Autoen notzen dës Beweegungsenergie automatesch a benotze keen deiere Sprit fir virun ze kommen.
Eng Start-Stopp-Automatik, déi de Moto an de Stand-By setzt, wann en, beispillsweis bei enger rouder Luucht, net genotzt gëtt, soll ugeschalt ginn, wann een am Auto ass. Vill Leit tendéiere jo dozou, déi mol gewollt auszemaachen. Virun allem wann een an der Stad oder am Beruffstrafic ënnerwee ass, kann een esou evitéieren, onnéideg Sprit ze verpolveren. Wann ee méi laang steet, zum Beispill bei enger Barrière oder enger rouder Luucht, kann een och mat engem méi eelere Modell de Moto einfach manuell ausmaachen.
Alles wat an engem Auto mat Elektresch leeft, verbraucht Sprit, well logescherweis och d’Batterie deel vum Gefier ass an déi muss geluede ginn. De Radio dee leeft, den Handy deen unhänkt, d’Klimaanlag oder d’Heizung déi op maximum leeft, d’Sëtzheizung oder d’Kanner, déi hannen den Tablet lueden... De Verbrauch klëmmt ëmmer méi, dohier lount et sech fir sech Gedanken ze maachen ob a wéi eng Systemer, Programmer oder Apparater ee muss hunn a wéi laang se effektiv musse genotzt ginn.

E gudde Pneu garantéiert den optimale Kontakt tëscht dem Auto an dem Buedem an dee soll am beschten och de richtege Loftdrock hunn. Ass dësen nämlech ze niddreg, erhéicht sech de Widderstand vum Pneu mam Buedem an de Verbrauch an de Verschläiss klammen. Beim Kaf vu Pneue soll een dann och mol op den EU-Label um Pneu selwer kucken, well hei ënnert anerem Informatiounen iwwer d’Effizienz ze fanne sinn.
Iwwregens soll een och versichen, sou mann wéi méiglech Gewiicht op de Pneuen ze hunn. Eng voll gepaakte Mall oder eng schwéier Box um Daach vum Auto kaschten nees wäertvolle Sprit. Virun allem bei Daach-Boxe mécht sech och de méi héije Loftwidderstand hei negativ bemierkbar.
Et dauert eng Zäitchen, bis de Motor vun engem Auto op der Betribstemperatur ass, dohier verbraucht d’Gefier, bis et déi erreecht huet, vill méi Brennes wéi dono. Dohier ass et ënnert anerem punkto Verbrauch net ze recommandéieren, just eenzel kuerz Strecke mam Auto ze fueren. Als Alternativ kann een heivir dacks perfekt de gratis ëffentlechen Transport oder de Vëlo notzen, respektiv zu Fouss goen. Muss een dann trotzdeem den Auto huelen, fir méi kuerz Strecken, lount et sech e puer Etappe mateneen ze erleedegen, fir esou wéinstens e kale Start vum Moto z’evitéieren.
Wann een am Ausland ënnerwee ass, lount et sech, fir sech iwwer d’Präisser z’informéieren, well déi vu Land zu Land ënnerschiddlech sinn, ma och am Land selwer vu Plaz zu Plaz an och jee no Auerzäit variéieren.
Direkt op der Autobunn ze tanken, kann dacks vill méi deier ginn, wéi wann een e puer Kilometer weider an engem méi klengen Duerf stoe bliwwe wier fir ze tanken. Vergläichen a schonn am Virfeld seng Rees punkto Tanke plangen, ass bal e Must.