
Wat geschitt mam sougenannte „Klärschlamm“, also dem Réckstand den an der Kläranlag no e puer Filter-Etappen iwwereg bleift? Wéi kontaminéiert sinn déi Réckstänn? Ginn se an der Landwirtschaft agesat? An huet Lëtzebuerg eng Strategie fir mat dem Klär-Schlamm an Zukunft ëmzegoen? All dat wollt den ADR-Deputéierte Jeff Engelen an enger parlamentarescher Fro vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gewuer ginn.
Dem ADR-Deputéierte wär nämlech zougedroe ginn, dass dëse Klärschlamm ëmmer méi kontaminéiert ass an dofir och am Ausland speziell entsuergt gëtt. D'Ëmweltministesch präziséiert an nennt Zuelen. 25% wären 2017 an d'Ausland gaangen a 75% wären hei am Land verwäert ginn. Dovunner sinn 19% an d'Landwirtschaft gaangen, 24% goufe verbrannt a 57% kompostéiert. Am Réglement Grand-Ducal vum 23. Dezember 2014 ass awer festgehalen, dass Klärschlamm just ënner bestëmmte Konditiounen dierf an der Landwirtschaft benotzt ginn. D'Konzentratioun vu Schwéiermetaller an organesche Schuedstoffer dierf festgeluechte Grenzwäerter net iwwerschreiden an och de Buedem muss verschidde Konditiounen erfëlle fir dass do Klärschlamm dierf verbreet ginn. Donieft dierf och d'Quantitéit net méi ewéi 3 Tonnen (Drëschenmass) pro Joer a pro Hektar iwwerschreiden.
Den Asaz vu Klärschlamm an der Landwirtschaft wär iwwerdeems réckleefeg, erkläert d'Carole Dieschbourg, well d'Fläche wou den dierf agesat ginn, ëmmer méi rare ginn.
De Klärschlamm gëtt zwar reegelméisseg op eng Rei Parameteren ënnersicht, dorënner d'Wäerter vum pH, dem Stéckstoff, dem Phosphor, Schwéiermetaller an organesch Schuedstoffer wéi zum Beispill Dioxinen, MEE aktuell gëtt en net op Medikamenter ënnersicht. An de meeschte Fäll géingen d'Grenzwäerter och net iwwerschratt ginn, a wann, da géingen d'Réckstänn aus der Kläranlag verbrannt ginn.
Den Ament geet jo och een Deel vum Klärschlamm an d'Ausland, ma et géing awer keen Ofkommes ginn, präziséiert d'Ëmweltministesch. Et sinn d'Gemengen, als Gestionnairë vun de Kläranlagen déi sech dorëm bekëmmeren, ma fir an Zukunft eng national Léisung fir d'Verwäertung ze fannen, huet den zoustännege Ministère rezent eng Klärschlamm-Etüd an Optrag ginn déi Enn dëses Joers soll fäerdeg ginn. Unhand vun deene Resultater wéilt een da konkret Mesuren huelen, sou nach d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.