Expert am InterviewWat ass den ekonomeschen Impakt vum Coronavirus?

Jeannot Ries
D’Epidemie vum Coronavirus a China ass weider net ze stoppen. Offiziell ginn iwwer 31.000 Infektioune gezielt.
Wat ass den ekonomeschen Impakt vum Corona-Virus?
D’Epidemie vum Corona-Virus a China ass weider net ze stoppen. Offiziell ginn iwwer 31.000 Infektioune gezielt.

636 Mënschen hunn de Virus bis elo net iwwerlieft. Ënner hinnen de Li Wenliang. Deen Dokter, dee sech den 30. Dezember als éischte getraut huet, vu Wuhan aus Alarm ze schloen.

Hunn déi chinesesch Autoritéiten ze spéit reagéiert? Am RTL-Interview seet de Sebastian Heilmann, Politikwëssenschaftler a Professer op der Uni Tréier, datt d’Autoritéiten d'Epidemie séier an de Greff musse kréien. Anescht kéint de Virus och e grousse politeschen Impakt intern a China hunn.

Wéi grouss ass den Impakt vun der Kris op d’Weltwirtschaft?

Den Héichpunkt vun der Epidemie kéint eréischt am Mäerz, respektiv Abrëll a China erreecht ginn. Da géif den Impakt op d'Weltwirtschaft bedeitend erhéijen. Experten rechnen domat, datt de Wuesstem a China fir d'éischt Quartal, fir d'éischt zanter 1990 ënner 5% fale kéint.

Och hei zu Lëtzebuerg, wou 3.700 Chinesen liewen, hofft een op en Enn vun der Alerte. D'Handelsrelatiounen tëscht Lëtzebuerg a China goufen iwwer déi lescht Jore staark ausgebaut an déi kaffreedeg Touristen aus China, souguer wa se just kuerz virum Palais defiléieren, wäerte feelen.

Back to Top
CIM LOGO