
"Finamore Capital" gëtt un, eng Adress op der Areler Strooss an der Stad ze hunn.
D'Entitéit huet vun der CSSF keen Agrement kritt, fir private Portofolio-Management an Investitiounsservicer zu Lëtzebuerg ubidden ze dierfen.
Donieft warnt d'CSSF och virun der Websäit "www.fsclux.lu". Et gëtt behaapt, datt d'Adress vum Siège op Nummer 6 an der Rue Léon Hengen an der Stad wier.
D'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur deelt mat, datt "Financial Services Commission Luxembourg" net bekannt wier a keen Agrement hätt, fir Finanzdéngschtleeschtungen ze maachen.