Wa knapps 200 Trakteren op enger Plaz zesummekommen, fir dann och nach zesummen nees fortzefueren, bedeit dat gemenkerhand, dass d’Bauere géint eng national Mesure oder eng europäesch Direktiv op d’Strooss ginn. E Samschdeg, op Stiefesdag, gouf et bei Miersch esou eng Aktioun, mee déi hat näischt mat Protest ze dinn.
CIPA Mamer, e Samschdeg den Owend géint 17.30 Auer. Vum Rouscht erof an de Süden, mam Trakter, dat dauert e Stéck. Mee egal. Well et goung ëm si, d’Leit, déi hei an der Entrée vum Altersheim op si gewaart hunn. Hinne weisen, dass een u si denkt, si, déi dëst Joer ouni Famill Chrëschtdag hu misse feieren, mee dofir awer mat Leit, déi sech, well dat hiren Job ass, ëm si këmmeren, a vläicht dofir dëser Deeg och ouni hir Famill sinn. Och hinne wollte si Merci soen, déi jonk Generatioun Lëtzebuerger Baueren.
"Mir hunn eis vun den däitsche Kolleegen inspiréiere gelooss, déi haten eng änlech Iddi, se wollten de Leit eng Freed maachen, si sinn an där selwechter Situatioun wéi mir, d’Landwirtschaft, d’Bauere promovéieren an e Liichtbléck gi fir dës schwéier Zäit.", esou de Louis Keipes vun der Landjugend Cliärref.
D’Iddi koum also vu Knapphouschent a se krut ëmmerhin eng 250 Leit op 190 Traktere mobiliséiert an iwwerzeegt, un dëser landeswäiter Aktioun deelzehuelen. Esou eppes gouf et bis elo nach ni, a grad an dësen Zäiten ass se ganz vill wäert. An dës Initiativ weist, dass d’Bierger, wann et ëm de Mënsch geet, d’Politik net brauchen. Just Eegen-Initiativ a Kreativitéit bei deenen eenzele Gefierer a beim Beemchen.
"De Beemchen ass am Gaang, opgebaut ze ginn, vun uewen erof ass dat dann d’Form vun engem Bam. 180 Maschinne wäerten herno um Bam d'Bulle sinn.", esou de Luc Emering, de President vun de Jongbaueren.

"Mir verspriechen eis, dass mer erëm e bësse méi Unerkennung an der Bevëlkerung kréien, et gëtt ëmmer gesot, d’Baueren hei an d’Baueren do, mee mir wëlle weisen, dass mer net nëmmen op d’Strooss ginn, fir ze protestéieren, wann et eis schlecht geet, mee mir wëllen de Leit och e bëssen Hoffnung ginn. Mir verspriechen eis dovun, dass mer nees besser ukomme bei de Leit.", betount de Louis Keipes.
An d’Aktioun koum un, bei de Leit, déi kucke koumen, an et eng gutt Initiativ fonnt hunn, och wann d’Bauere anengems och op sech an hire Beruff opmierksam maachen.
"Well de Bouf dobäi ass an d’Schnauer inspe, a well mer soen dat do ass eppes, dat ass nei, mee et ass eng formidabel Iddi.", esou eng Reaktioun.
Och d’Landwirtschaft leit ënnert der Kris, virun allem de Marché vum Schwéngefleesch an natierlech hänke si allgemeng vun der Restauratioun of. Ee Versprieche gouf et awer nach: dat hei wier wann néideg net déi lescht Aktioun gewiescht, vun där Zort.
Hir Aktioun ass opgefall an huet gefall, net just den Elteren oder der Famill vun deene jonke Borschten a puer jonken Dammen, déi mat hiren Trakteren dem Land en Touch Chrëschtdagsfeeling ginn hunn. D’Cortègen – am Ganze waren et eng 200 Gefierer – gedeelt duerch 4 hat all Regioun hirer 50 op der Strooss an de Jongbauere President Luc Emering war selwer begeeschtert.

"D’Leit si begeeschtert, si fuere mam Auto laanscht, maache Fotoen a wénken, ech mengen, dass déi Aktioun haut hir Friichte wäert droen."
"Se fuerdere jo näischt, si presentéiere sech just, dass d’Leit dat kënne kucken. Jiddereen huet säin Trakter selwer opgeriicht. Jiddwereen hat d’Aarbecht domat, a fir déi Beliichtung schéin drun ze hänken. Dass och esouvill Jongbaueren bereet sinn, matzemaachen, dat ass net ëmmer esou einfach.", esou de Papp vun engem vun de Jongbaueren.
D’Baueren hu Problemer, och an nach méi a Covid-Zäiten, eent bleift awer op alle Fall hänke vun dësem Chrëschtcortège op Stiefesdag: esou eng Aktioun bréngt vläicht oder bestëmmt méi ewéi eng Manif.