Feier KronospanWaasserwirtschaftsamt: Mangel un Entretien Schold u Verschmotzung vun der Kuer

RTL Lëtzebuerg
Den Ekonomiesministère, déi fir de Site vum Réckhaltebecke responsabel sinn, wëllen awer net vun engem Mangel un Entretien schwätzen.
Brand bei der Kronospan huet d'Kuer verknascht
Grond hei wier e futtist Ventil, wat wéinst engem Mangel vum Entretien kéint passéiert sinn.

En futtist Ventil an ze vill Dreck am Réckhaltebecken. Et ass net alles richteg gelaf, wéi et Ënn Juli um Terrain vun der Kronospan zu Suessem ferm gebrannt hat. Dat confirméiert och elo d'Waasserwirtschaftsamt. D'Konsequenz: d'Pompjeeë konnten net op d'Läschwaasser aus dem Réckhaltebecken zeréckgräifen an de Floss ''Kuer'' gouf verschmotzt. Et soll nogebessert ginn.

D'Réckhaltebecken an der Industriezone ''Gadderscheier'' konnt seng Aufgab beim Feier bei der Kronospan net erfëllen: d'Kuer viru Pollutioun protegéieren. Bei Katastrophe misst dat verschmotzten Ofwaasser hei gestaut kënne ginn. Ma et gouf Problemer beim Ventil, bei der Klapp. Doropshi war kontaminéiert Waasser an d'Kuer gelaf. Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes erkläert: ''Et ass eis zum Deel gelongen, se zouzemaachen. Mä och de Volume selwer vum Réckhaltebecken war net ganz disponibel, well och zum Deel Sedimenter dra louchen. Déi Sedimenter ginn elo och erausgeholl. Och dat ass eng laangwiereg Prozedur, fir déi erauszebaggeren, ze dréchenen an ze entsuergen.''

Déi futtis Klappe sollen nach dëse Mount ersat ginn. Aus dem Waasserwirtschaftsamt heescht et, Schold un dëse Problemer wär e Mangel un Entretien, fir deen iwwregens den Ekonomiesministère als Bedreiwer vum Site responsabel ass. Op Nofro krut RTL déi Responsabilitéit confirméiert, vun ze wéineg Entretien wéilt een awer net schwätzen.

Duerch d'Réckstänn am Becke konnt d'Waasser och net als Läschwaasser benotzt ginn, och wann u sech en Uschloss fir d'Pompjeeën do ass. Et gouf vill Drénkwaasser benotzt, fir d'Feier an de Grëff ze kréien. 16.000 Liter Waasser d'Minutt, eng enorm Belaaschtung fir de Süden, betount de Jean-Paul Lickes: ''Wann de Congé Collectif nach net u gewiescht wär, dann hätt déi zousätzlech Stralebelaaschtung duerch de Brand zu dramateschen Enkpäss kënne féieren, fir e ganz groussen Deel vum Süden. Dat ass e Fait. Eigentlech hate mir an där Hisiicht Chance.''

An engem Aarbechtsgrupp zesumme mam CGDIS sicht d'Waasserwirtschaftsamt no Méiglechkeeten, fir d'Waasserversuergung op den Industriesitten ze verbesseren: vläicht kéint ee Reewaasser opfänken a stauen. Donieft kritt Kronospan nei Oploen. Wéi et heescht, onofhängeg vum Brand.

Back to Top
CIM LOGO