Coronavirus zu LëtzebuergVun 6.508 Tester waren der 93 positiv, ee weideren Doudegen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een elo op 126 eropgaangen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 93 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 6.508 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 28 (0) Leit hospitaliséiert, 3 (0) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91.

Back to Top
CIM LOGO