PoliceVun 324 Alkoholkontrolle waren der 14 positiv, 1 Führerschäin agezunn

RTL Lëtzebuerg
Vum 3. op de 4. September huet d'Police op Uerder vum Parquet gréisser Alkoholkontrollen an der Stad, zu Alzeng, Nidderfeelen an Ettelbréck gemaach.

Am Ganzen hunn am Eecher Bierg, an der Bouneweger Strooss an zu Alzeng an der Diddenuewener Strooss 178 Chauffeure misste blosen. 10 mol war den Test positiv. 1 Permis gouf agezunn.

Zu Nidderfeelen an zu Ettelbréck goufen 146 Chauffeure kontrolléiert. 4 vun hinnen haten ze vill. Et krut keen de Führerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO