Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.021 Tester waren der 132 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 835 läit.

Aktuell si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner 9 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 785.299 Impf-Dosisse genotzt. 465 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 876 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO