Coronavirus zu LëtzebuergVun 16.526 Tester waren der 62 positiv, 1 weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 811 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell si 40 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

An de leschte 24 Stonne goufen 2.433 Leit eng éischte Kéier an 3.097 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 315.165 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,74. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO