
Aktuell sinn 131 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun.
2.361 Mënsche kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 2.460 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 121.953 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,93. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
