
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 4 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 4.024. Vun den Infizéierte sinn der 3.251 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 79.484 Tester gemaach. Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch ass dat eng Hausse vun 1.458 Tester, vun deene wéi gesot 4 positiv war.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 53 aktiv Infektioune ginn an 3.861 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 33 (+1) Patienten hospitaliséiert, 2 (-2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 929 Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,520. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
