Zu LëtzebuergVu wéini u gi Kanner ënner 12 Joer géint Covid geimpft?

Mariette Zenners
Aner Länner wéi Éisträich oder och verschidden däitsch Bundeslänner hu schonn domadder ugefaangen, Kanner tëscht 5 an 11 Joer ze vaccinéieren.
Vu wéini u gi Kanner ënner 12 Joer géint Covid geimpft?
Aner Länner wéi Éisträich oder och verschidden däitsch Bundeslänner hu schonn domadder ugefaangen, Kanner tëscht 5 an 11 Joer ze vaccinéieren.

Dat sinn da sougenannt Off-Label-Impfungen, wou den Impfstoff fir dës Alterskategorie nach keng Zouloossung huet, wat awer net verbueden ass.

An den USA huet déi amerikanesch Gesondheetsautoritéite schonn hiren Accord ginn, hei gi Kanner zanter Ufank November geimpft. Och Israel huet domadder ugefaangen.

Lëtzebuerg wäert sech dem Avis vun der europäescher Medikamentenagence uschléissen, wéi den Direkter vun der Santé RTL confirméiert huet: "Mir waarden do op den Avis vun der Ema, der europäescher Medikamentenagence, dee soll Ufank bis Mëtt Dezember virleien. Duerno kréie mer dann Impfstoff geliwwert. Dat ass dee selwechte wéi fir Erwuessener, just eng aner Dosis an da kënne mer ufänken."

Den Impfstoff wäert dee selwechte wéi fir Erwuessener sinn, Kanner kréie just een Drëttel vun der Dosis. Et gëtt an zwou Kéiere gesprëtzt, mat engem Ofstand vun 3 Wochen.

D'Kanner sollten awer matdecidéiere kënnen, ob si geimpft ginn oder net, dat sot den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Dofir misste si uerdentlech an altersgerecht informéiert ginn, ënnersträicht de Charel Schmit. Op déi Jonk sollt keen Drock gemaach gi wéinst der Vaccinatioun. Weder an déi eng, nach an déi aner Richtung.

Back to Top
CIM LOGO