Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.072 Tester waren der 78 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 78 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 7.072 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 30 (-4) Leit hospitaliséiert, 5 (+1) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.211 aktiv Infektiounen. 7.174 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,80.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO