
Si ass Responsabel vum Projet "Future Generation" vun der Associatioun "Youth & Work". Mat Orientatioun, individuellem Coaching a Berodung bei der Sich no enger Ausbildungs- oder Aarbechtsplaz, ënnerstëtzt de Programm Jonker tëscht 16 an 29 Joer bei der Transitioun an d'Beruffsliewen. No enger erfollegräicher éischter Editioun, geet een elo an eng zweet Ronn, an där bis 2030 alles an allem 240 Jonker zesumme mat 12 Entreprisen op den Aarbechtsmarché begleet ginn.
An der éischter Editioun, déi iwwer véier Joer gaangen ass, hunn 207 Jonker mat 14 verschiddene Lëtzebuerger Entreprisen u konkrete Projete matgeschafft. Den Organisateuren no hu ronn 170 vun hinne bannent engem Joer eng Aarbecht oder Formatioun fonnt. Ee vun hinnen ass de Johann Van Mechelen, deen nom Projet d‘Chance hat, ee feste Kontrakt bei enger Entreprise ze kréien.
"Also virum Projet, war ech méi een, deen e scheie Jong war. Dat heescht viru Leit schwätze war ganz, ganz, ganz schwéier fir mech. Vun der Grupp wou ech war, si vill Leit dobäi gewiescht, déi esou ware wéi ech, déi eng Aarbecht gesicht hunn an net wossten, wouhi si sollte goen. Bei Youth & Work hunn ech geléiert, mech ze kontrolléieren, a viru Leit ze schwätzen, jo an elo schwätzen ech souguer virun der Tëlee."