Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.435 Tester waren der 88 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 830 läit.
© RTL

Aktuell si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 761.977 Impf-Dosisse genotzt. 462 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 655 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO