Coronavirus zu LëtzebuergVu 424 Tester waren der 26 positiv, 1 weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 127 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 26 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 424  Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 24 (-4) Leit hospitaliséiert, 2 (-1) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.005 aktiv Infektiounen. 7.793 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,120.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO