Coronavirus zu LëtzebuergVu 4.707 Tester waren der 121 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 830 läit.
© RTL

Aktuell sinn 33 Persounen hospitaliséiert, dovunner 9 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 765.386 Impf-Dosisse genotzt. 507 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 550 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO