
Aktuell si 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 764.330 Impf-Dosisse genotzt. 447 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 550 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,12. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.