Manner Praxiserfarung wéinst CovidVirtuell Schoulprogrammer kënnen net praktesch Aarbecht ersetzen

RTL Lëtzebuerg
Dass duerch d'A-B-Klassen en Deel vum Cours verluer geet, ass gewosst.
Manner Praxiserfarung wéinst Covid
Dass duerch d'A-B-Klassen en Deel vum Cours verluer geet, ass gewosst.

Wärend déi eng Schüler dann e puer Texter oder Aufgaben eleng doheem musse kucken, ass dat bei praktesch-orientéierte Sektiounen awer net esou einfach.

Am Lycée Technique du Centre ginn et eng Partie Sektiounen, wou Praxis e festen Bestanddeel vum Cours ass. Sou och an dëser 2ème—Technicien-Klass mat Schwéierpunkt Auto-Mechatronik. Am Normalfall verbrénge si 12 Stonnen d’Woch am Atelier. Duerch den A/B-Klasse-Prinzip verléiere si awer knapp d'Hallschent vun dëser Zäit.

Bryan Gonçalves, 2èmes Schüler, Auto-Mechatronik “Et ass schued, well hei léiert ee vill. Et gesäit een, dass d’Proffe motivéiert sinn, se hëllefen eis vill an et ass schued, well déi Zäit hätte mer kéinten hei gutt asetzen, fir fir spéider Erfarung ze sammelen”

Déi Stonnen, wou d’Schüler dann net an den Atelier dierfen, sollen awer net komplett verluer sinn. Dowéinst kënne si vun doheem aus mat engem speziellen Programm virtuell un den Autoen schaffen.

Marco Moes, Proff fir technesch Ausbildung am LTC “Hei ass e Programm, wou se u sech Feelersimulatiounen agebaut kréien. Da musse se den Diagnosenapparat drunhänken, alles virtuell an da kënne se den Auto ausliesen. Da kréie se e Feelercode ugewisen an dee musse se dann unhand vu Moosstechnik erausfannen.” 

Dës digital Plattform wier eng flott Ergänzung, et kéint d’Aarbecht u reellen Autoen awer net ersetzen. Där Meenung sinn och d’Schüler. Déi verluere Praxisstonne musse si no hirem Ofschloss am Betrib nohuelen.

Den Educatiounsministère ass sech dësem Problem bewosst. Et gouf zesumme mat den Direktere vun de Schoulen gekuckt, wéi eng Klassen et méi néideg hunn, all Woch praktesch Coursen ze hunn. Do hätt den DAP Virrang géigeniwwer dem Technicien, well dës schonn nëmmen eemol d’Woch an d’Schoul kommen.   Véronique Schaber, Directrice Formation professionnelle, Educatiounsministère “Et ass awer sou, dass mir mat den Equipes Circulaires, dat sinn déi Equippen, déi d’Programmen maachen an der Formatioun Professionelle, dass mir mat hinne gekuckt hunn, wat  déi essentiell Saache sinn, déi musse gewosst sinn a wat een eventuell kann e bëssen ewechloossen. An dat hu mir eben elo fir de Recht vum Semester gefrot.”

De Jonken aus dëser Mechatroniker-Klass bleift also näischt anescht iwwereg, wéi aus hiren 50% Atelier dat bescht ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO