
Virun allem Persoune mat engem Secondaires- an Unisdiplom, Persounen tëschent 35 a 54 Joer a Leit, déi vun Doheem aus schaffen, géife sech Suergen ëm hir berufflech Zukunft maachen. Eng vu 16 Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, wiere veronséchert, well hir Aarbechtszäit wärend der Kris reduzéiert gouf. Déi Conclusiounen zitt Statec aus enger Enquête iwwert de sozialen an ekonomeschen Impakt vu Covid-19 zu Lëtzebuerg, déi an Zesummenaarbecht mam Meenungsfuerschungsinstitut TNS Ilres realiséiert gouf.

Ronn 60% vun de Leit, déi sech wéinst der Kris méi Suergen ëm hir Aarbechtsplaz maachen, hunn den Ament eng Aarbecht. Ee Véierel wiere coronabedéngt am Chômage partiell a 16% wieren Independanten. Männer a Fraen hätten d'selwecht vill Angscht ëm hir berufflech Zukunft. Am meeschte Suerge maache sech Lëtzebuerger, viru Leit mat der franséischer oder portugisescher Nationalitéit. Statec stellt dann och fest, datt d'Gréisst vun de Leit hiren Haiser eng Roll spillt: Leit mat méi groussen Haiser hätte méi Angscht, hir Aarbecht ze verléieren.

Statec stellt fest, datt d'Resultater vu senger Enquête vun aneren Etüde géif ofwäichen. Do géif een nämlech gesinn, datt d'Aarbechtsprekaritéit bei Fraen a Leit mat temporären Jobs méi grouss ass, an datt se mam Alter eropgeet. Héichschouldiplomer dogéint hätten an der Reegel e reduzéierenden Impakt op d'Aarbechtsprekaritéit. Et kéint een net soen, op dës Diskrepanze spezifesch fir Lëtzebuerg wieren oder spezifesch fir d'Corona-Kris. Do bréicht een nach méi Donnéeën.
Mat der Aarbechtsprekaritéit verbonne wier, datt d'Leit manner Revenuen a manner Méiglechkeet ze spueren hätten, an datt hir mental a physesch Gesondheet sech verschlechtere géif. Ënnert de Persounen, déi sech Suergen ëm hir Aarbecht maachen, wieren der 3 mol méi a finanzielle Schwieregkeete wéi an der ganzer Populatioun. Duebel esou vill Leit hätte mental oder kierperlech gesondheetlech Problemer.