Och um zweeten Dag vum Festival des Migrations si ganz vill Leit an den Hale vun der Luxexpo passéiert. Op iwwer 400 verschiddene Stänn aus deene verschiddenste Länner konnt ee schmaachen, nei Kulturen entdecken oder ënner anerem déi gutt Ambiance genéissen.
An der Luxepo sinn dëse Weekend Associatiounen, Kënschtler a Visiteuren aus der ganzer Welt zesummekomm. De Festival des Migrations weist, wéi international Lëtzebuerg wierklech ass. Dëse Festival, organiséiert vum CLAE, dem Comité vun auslänneschen Associatiounen hei zu Lëtzebuerg, versicht zanter ville Joren duerch dëse Weekend Brécken ze schloen, d'Leit zesummen ze bréngen.
All Joers passéieren eng 30.000 Leit d'Keese vum Festival des Migrations, des cultures et de la Citoyenneté. Och de Grand-Duc Guillaume war e Samschdeg op de Festival komm.