
E Mann krut an der Foussgängerzon seng Auer vum Handgelenk gerappt. Déi 2 Täter sinn no der Dot geflücht. Mat Hëllef vun der Persounebeschreiwung konnt ee vun hinne spéider gestallt ginn.
Op Uerder vum Parquet gouf déi Persoun festgeholl a koum den Dag drop virun den Untersuchungsriichter. Géint den aneren Täter gouf eng Plainte deposéiert.