De CGDIS war e Mëttwoch am fréie Mëtteg mat enger gréisserer Ekipp beim Centre de tri vun der Post um Krakelshaff zu Beetebuerg am Asaz. Grond dofir war e Pak mat enger verdächteger Substanz, dee gemellt gouf. Wéi sech méi spéit erausstelle sollt, war dëst awer e falschen Alarm an d’Warnung gouf opgehuewen.
Obwuel den Asaz baussent vum Gebai war, gouf d’Personal wärenddeem aus dem Centre de tri evakuéiert. No zwou Stonne war den Asaz eriwwer an de Betrib am Gebai konnt wéi gewinnt viru lafen.
Nieft dem CGDIS waren och d’Police, den Hondsmeeschter, de Samu an d’Douane op der Plaz.