Fédération Nationale des Femmes LuxembourgeoisesVerbuet vu Besteierung an der Famill bis 3. Grad gëtt gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
Déi national Fraefederatioun FNFL huet sech a punkto Steieren ze Wuert gemellt.

An engem Communiqué seet ee sech frou, datt et zu Lëtzebuerg keng Ierfschaftssteier en ligne directe gëtt.

Allerdéngs gëtt e Gesetz gefuerdert, wat eng Besteierung bannent der Famill bis bei den 3. Grad ënnerseet. An der Zäit hätten nämlech vill Frae sech aus beruffleche Grënn net kënne bestueden an hätten dofir Liene mat hiren Neveuen an Niessen a mat deenen hire Kanner an Enkelen, sou d’FNFL.

D’Associatioun hofft, datt dës Revendicatioun en vue vun de Walen 2023 Gehéier fënnt. Ënnerschriwwen ass de Communiqué vun der Presidentin Astrid Lulling.

Back to Top
CIM LOGO