An engem rezente Rapport vun der EU kënnt de Grand-Duché op 27 Verkéiersdoudeger pro Millioun Awunner – däitlech ënner der europäescher Moyenne vu 45.
Op EU-Niveau läit Lëtzebuerg domat op enger staarker véierter Plaz. Fir d’EU-Representatrice Anne Calteux ass dat eng positiv Entwécklung, mee si warnt virun ze vill Optimismus. Well Lëtzebuerg eng kleng Populatioun huet, kënnen eenzel Accidenter d’Statistike séier staark beaflossen.
„Bei den Doudesaffer ass eng gutt Progressioun ze gesinn“, erkläert si. Gläichzäiteg géif een awer gesinn, datt d’Zuel vun de Schwéierblesséierten nach ëmmer problematesch bleift. An do misst nach vill verbessert ginn, fir d’EU-Ziler z’erreechen. Bis 2030 sollen d’Doudesfäll an och schwéier Blesséierter op der Strooss ëm 50 Prozent reduzéiert ginn.
Eng speziell Roll spillt dobäi d’Situatioun zu Lëtzebuerg selwer. Mat ronn 250.000 Pendler pro Dag ass den Trafic immens dicht. Laang Stauen, Zäitdrock an Oflenkung – besonnesch duerch den Handy – géifen de Risiko erhéijen, esou d’Calteux.
Op europäeschem Niveau sinn d’Ursaache fir schwéier Accidenter gutt dokumentéiert. Ze héich Vitess bleift ee vun de gréisste Problemer a spillt bei ronn engem Drëttel vun den déidlechen Accidenter eng Roll. Dobäi kommen Alkohol oder Drogen um Steier an Oflenkung duerch Smartphone oder aner Ecranen.
D’EU-Kommissioun analyséiert dofir reegelméisseg déi sougenannte „Best Practices“ vun de Memberstaaten. Länner wéi Spuenien hu beispillsweis an de Stied flächendeckend Tempo-30-Zonen agefouert. Studien weisen, datt d’Iwwerliewenschancë bei engem Accident massiv klammen, wann d’Vitess méi niddereg ass. Aner Länner setzen op méi strikt Kontrollen, méi konsequent Strofen an eng Infrastruktur, déi Sécherheet prioriséiert.
Och d’Lëtzebuerger Regierung gesäit nach Handlungsbedarf. D’Transportministesch Yuriko Backes betount, datt all Doudegen op der Strooss een ze vill ass. De Rapport vun der EU-Kommissioun wier zwar positiv, mee kee Grond, fir sech drop auszerouen.
D’Regierung huet dofir mëttlerweil en zweeten nationale Plang fir d’Stroossesécherheet virgestallt, an deem verschidden Acteuren – vu Police iwwer Educatioun bis zu den Administratiounen – zesummeschaffen. Ee wichtege Punkt: de Strofekatalog soll iwwerschafft ginn. Lëtzebuerg gehéiert aktuell zu de Länner mat den niddregste Strofen, och bei schwéieren Delikter. Dat soll sech änneren.
Nieft méi strenge Strofe setzt d’Strategie och op Sensibiliséierung. Campagnen, Präventioun an eng besser Kontroll vun der Vitess sollen dozou bäidroen, d’Accidenter weider ze reduzéieren. No schwéieren Accidenter – wéi deem zu Feelen am September d’lescht Joer, bei deem fënnef Leit gestuerwe waren – gëtt och iwwer nei Radaren oder aner Sécherheetsmesuren nogeduecht.
Och bei der Sécurité Routière gëtt de gudde Ranking vu Lëtzebuerg positiv bewäert – awer mat enger klorer Relativéierung. „Mir komme vu wäit hier, mir waren ëmmer bei deene Leschten a mir sinn elo virbäi. Dat ass satisfaisant an encourageant. Mee mir musse weider drop schaffen“, seet de President Paul Hammelmann. Nieft méi strenge Strofe fir schwéier Delikter setzt d’Sécurité Routière virun allem op Präventioun. „Mir waren ni déi Associatioun, déi sech op Sanktioune baséiert huet, mee op Preventioun“, erkläert hien – begréisst awer d’Initiative vum Ministère, fir schwéier Delikter méi streng wëllen ze bestrofen. Eng Mesure, déi aus senger Siicht nach feelt, ass de sougenannten Alkohol-Lock – en Apparat, deen de Motor just da starte léisst, wann de Chauffer ënnert der legaler Alkoholgrenz läit. Sou Systemer géifen am Ausland schonn erfollegräich agesat ginn a kéinten och hei eng zousätzlech Sécherheetsbarrière sinn.
Am Verglach mat deene beschte Länner an Europa gesäit een, datt et keng eenzeg Léisung gëtt, mee eng Kombinatioun vu Mesuren. Schweden setzt zanter Joren op d’Strategie „Vision Zero“, bei där d’Infrastruktur esou geplangt gëtt, datt schwéier Accidenter méiglechst verhënnert ginn. Spuenien huet mat Tempo-30-Reegelen an urbane Beräicher positiv Resultater erreecht. Aner Länner investéieren an intelligent Verkéierssystemer oder méi streng Alkoholkontrollen.
D’EU encouragéiert d’Memberstaaten, sech un esou Modeller ze orientéieren. Fir Lëtzebuerg kéint dat bedeiten, datt déi bestoend Mesurë méi konsequent ëmgesat ginn, respektiv méi staark um Terrain kontrolléiert ginn.
D’Fazit bleift also zweegleiseg. Lëtzebuerg steet am europäesche Ranking gutt do a konnt d’Zuel vun de Verkéiersdoudeger iwwert déi lescht 5 Joer ëm 12 Prozent erofdrécken. Gläichzäiteg weisen d’Donnéeën, datt et nach vill Aarbecht gëtt.