CatcallingVerbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum: E Phenomeen och zu Lëtzebuerg!

RTL Lëtzebuerg
Den Instagram-Konto „Catcalls of Luxembourg“ schléit aktuell hei am Grand-Duché héich Wellen.
Catcalling: Verbal Belästegung am ëffentleche Raum
2014 huet de Video „10 Hours of Walking in NYC as a Woman" online fir Onroue gesuergt. Gewise gouf, wat fir vill Fraen Alldag ass: Catcalling.

2014 huet de Video „10 Hours of Walking in NYC as a Woman" online fir Onroue gesuergt. Gewise gouf, wat fir vill Fraen Alldag ass: Catcalling. Dat ass en anert Wuert fir verbal Belästegung am ëffentleche Raum. E Joer drop gouf e Rapport a Frankräich publizéiert iwwer sexuell Belästegung am ëffentlechen Transport. Resultat? Vun de 600 befrote Frae war nämlech keng eenzeg dobäi, déi sech nach ni belästegt gefillt huet. An och haut, 6 Joer méi spéit, schéngt de Phenomen weiderhin omnipresent ze sinn.

Och hei zu Lëtzebuerg schéngt Catcalling wäit verbreet ze sinn, wéi den neien Instagram-Konto „Catcalls of Luxembourg" weist. Lancéiert gouf dat Ganzt vun der 23 Joer aler Psychologiestudentin Anne Schmitz. An zwar sammelt hatt zanter ufanks Mäerz Temoignagë vu Fraen hei zu Lëtzebuerg, déi am ëffentleche Raum belästegt gi sinn. D'Temoignagë ginn da mat Kräid op de Buedem geschriwwen – an der Hoffnung, méi Opmierksamkeet op dës Problematik ze lenken.

Am Géigesaz zu Frankräich an der Belsch ginn et hei zu Lëtzebuerg och keng spezifesch Gesetzer géint Catcalling. Ausser enger Petitioun (déi bis zu hirer Clôture nëmmen 124 Ënnerschrëfte krut) wier d'Aféiere vu Gesetzer géint Catcalling bis elo och net wierklech diskutéiert ginn, sou d'Justizministesch, Sam Tanson. De Problem wier, dass et immens schwéier ass, Beweiser zesummen ze kréien, wann et ëm Catcalling geet, well sou desagreabel Kommentaren dacks ënnert dem Virwand vum Kompliment gemaach ginn. „Sou Gesetzer ze maachen, huet de Merite, dass een doriwwer schwätzt a sensibiliséiert, dass dat net geet", sou d'Madamm Ministesch. Et géif ee sech der Diskussioun allgemeng net verschléissen, mä et misst ee just sécher sinn, dass wa sou een Dispositiv géif en place gesat ginn, et och misst effikass sinn.

Fir eise Reportage hu mir d'Problematik vum Catcalling ënnert d'Lupp geholl an d'Grënnerin vu „Catcalls of Luxembourg" fir een Nomëtteg begleet.

Back to Top
CIM LOGO