
Éischten Informatiounen no ass de Cyclist mat héijer Vitess a Richtung Rue Scheierhaff gefuer, wou en abrupt lénks eriwwer gefuer a géint e Bushaische gerannt ass. Do wier de Vëlosfuerer dunn duerch d'Glasscheif gebrach, woubäi hie schwéier blesséiert gouf.
Eng Policepatrull huet de blesséierte Cyclist op der Plaz fonnt. De Schwéierblesséierte koum no enger Rei Éischt-Hëllef-Mesurë fir weider Traitementer an d'Spidol.
Zu Esch ass dann e Mëttwoch de Moie géint 6:40 Auer nach ee Cyclist an der Rue d'Ehlerange gefall a gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz vun Esch war op der Plaz.