Dréchent hannerléisst SpuerenVéibestand gëtt reduzéiert wéinst Manktem u Fudder

Maxime Gillen
D'Recolte an der Landwirtschaft huet zolidd gelidden, esou datt elo um Ufank vum Hierscht schonn e groussen Deel vun de Fudder-Reserve fir de Wanter un d'Béischte verfiddert gouf.
Waarme Summer hannerléisst Spueren: Bauere reduzéieren hire Véibestand.
© Jeannot Ries

Gläichzäiteg sinn d'Präisser fir Fudder ze kafen och staark geklommen, erkläert de President vun der Lëtzebuerger Landwirtschaftskammer Christian Hahn.

"Bäikafen ass immens deier. Duerfir probéiert een, et alt e bëssen ze vermeiden. Mee et si ganz vill Betriber, déi musse bäikafen, wann de Stock vläicht vum leschte Joer net méi esou déck war. An dat si Saachen, wann een als Beispill beim Mais kuckt, deen ass jo net grad duebel esou deier, awer Richtung duebel esou deier wéi d'lescht Joer, wann een es kaaft huet.“

An dee Fuddermanktem huet direkt Konsequenzen op de Véibestand bei de Lëtzebuerger Baueren.

"Et ass ëmmer zum Hierscht zou, wou eeben e bësse méi geschluecht gëtt, well eeben d'Béischten an d'Ställ kommen an een eeben och de Béischte wëll déi Plaz an de Ställ ginn. Dëst Joer awer duerch de Fuddermanktem mierkt een awer richteg, dass d'Zuele wierklech 20, 25 Prozent, also e bëssen, dat wat ech vun den Händler héieren hunn, méi héich sinn an deem, wat d'Leit awer elo schluechte loossen an dat ass, denken ech, awer kloer op de Fuddermanktem zréckzeféieren“

Kuerzfristeg gëtt e bësse méi Stréi wéi soss ënnert d‘Fudder gemëscht.

Et géif drëm goen, esou laang wéi méiglech mam Grondfudder eens ze ginn, esou nach de Christian Hahn.

Véibestand gëtt reduzéiert wéinst Manktem u Fudder
D'Recolte an der Landwirtschaft huet zolidd gelidden.

Wou sinn d’Projeten drun, fir grouss Waasserreserven unzeleeën?

Iwwer een Drëttel manner Reen am Verglach mam laangjäregen Duerchschnëtt. Do kënnt an der Landwirtschaft nees en ale Gedanken op. Méi wéi 6 Joer sinn et hier, datt vu Pilotprojete riets war, fir iwwer Land grouss Waasserreserven unzeleeën Virop fir d'Produktioun vu Genéiss an Uebst. Awer net just.

‘’Wann een d'Waasser, d'Reserven uleeë méi grouss kuckt, als Beispill, mir hunn elo an Hohes Venn an der Belsch grouss Bränn gehat, an Däitschland an esou weider. Dat heescht, dat kënnt och méi no. Bei grousse Bränn ass et och ëmmer interessant, Waasserreserven anzwousch leien ze hunn. Et muss een och gesinn, eis Flëss a Baachen hunn immens déif Peegelstänn dëst Joer ugewisen. Mat engem kontrolléierten Oflaf kënnt een och do hëllefen. An ech mengen, wann een ufänkt, dat global ze kucken an och mol déi Geneemegungsprozeduren, fir esou Reservë virunzedreiwen, ech mengen, da kéint een eng Win–Win Situatioun fir vill Secteure matenee kréien. ‘’

De Christian Hahn bedauert, datt eng 3-4 Dossieren zanter 6-7 Joer op Ministère leien, ouni Fortschrëtt. Et wier virop den Environnement, deen d'Waasserreservoire blockéiere géif.

Back to Top
CIM LOGO