WäiswampechVandalismus nom Summernights-Bal / Jonk Beem ofgeschnidden

RTL Lëtzebuerg
No engem Joer Paus gouf dëst Joer nees de "Summernights" vun der Wämper Jeunesse organiséiert. Leider gouf et am Kader vun deem Bal 2 Fäll vu Vandalismus.
© RTL Mobile Reporter

Wéi een op enger Foto erkenne kann, goufen eng ganz Partie Beem muttwëlleg futti gemaach. Op Nofro hin huet d'Police eis bestätegt, dass 8 jonk Beem an der Nuecht op e Sonndeg beschiedegt goufen. D'Beem stinn op der Weilwerdangerstrooss, tëscht der Plaz wou d'Party-Zelt stoung, an dem offizielle Parking vum Event (Kailsbaach).

Dobäi kënnt nach, dass schonn déi Nuecht virdrun eng Leitplank beschiedegt gouf.

Eventuell Zeie solle sech w.e.g. bei der Police zu Ëlwen mellen, via Telefon um (+352) 244 871000 oder via Mail op police.troisvierges[at]police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO