Dréngenden Appell un d'Regierung#VakanzDoheem net ouni Risiko fir d'Natur

RTL Lëtzebuerg
D'Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt riicht sech an engem oppene Bréif un d'Ministeren Dieschbourg, Bausch an Delles.

natur&ëmwelt begréisst d'Initiativ vum Tourismusministère, fir d'Leit z'encouragéieren, Vakanz hei am Land ze maachen. Allerdéngs misst een och oppassen, datt d'Lokaltouriste gutt informéiert sinn a kee Schued un der Natur uriichten.

Zanter der Kris géif et vill méi Leit an d'Natur zéien, ma leider géife se sech net all respektvoll géigeniwwer der Ëmwelt verhalen an d'Naturschutzgebidder wiere bis elo net gutt genuch opgestallt, fir deem entgéint ze wierken.

Am Naturschutzgebitt "Haff Réimech - Baggerweieren" hätten zum Beispill eng Rei Vullenzorte laanscht d'Waasser hir Näschter - dofir dierf een hei och net an d'Waasser goen. Ma souguer nodeems d'Fräizäitinfrastrukturen op de Baggerweieren hir Dieren nees opgemaach hätten, géif een ëmmer nach Leit gesinn, déi sech op deenen anere Plagen installéieren. D'Mënschen an d'Hënn géifen déi, zum Deel rare, Vullen hei awer beim Opzéie vun hire Jippelcher stéieren.

Uechter d'Land wier an de leschte Wochen och op ville Plaze Knascht hannerlooss ginn, esou d'Naturschutzorganisatioun. Et hätt een esouguer Fotoe geschéckt kritt vu Fuussenexkrementer, an deem eng Plastikshändsch dra war.

natur&ëmwelt fuerdert déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, de grénge Minister fir d'nohalteg Entwécklung François Bausch an de liberalen Tourismusminister Lex Delles op, Begleetmesuren en place ze setzen, fir ze garantéieren, datt d'Campagne #VakanzDoheem kee Schued an der Natur verursaacht.

D'Ëffentlechkeet misst besser informéiert ginn, wéi ee sech an Naturschutzgebidder an an der Natur am Allgemenge behuele soll. Et missten och Beamten op der Plaz sinn, déi d'Leit sensibiliséieren. Wa Leit sech awer net dru géifen halen, missten et och Sanktioune ginn a Reportagen iwwert Verstéiss a Sanktioune missten encouragéiert ginn, esou natur&ëmwelt.

Oppene Bréif vun natur&ëmwelt

Back to Top
CIM LOGO