
Dat neit Covid-Gesetz war e Méindeg Sujet an der Santéskommissioun an der Chamber. Zwou Stonnen huet d'Kommissioun Mëttes gedauert, bei där haaptsächlech Froen aus engem anere Beräich opkomm sinn, nämlech der Educatioun...
D'Artikelen iwwert d'Education national am neie Covid-Gesetz wieren dem Claude Wiseler vun der CSV no net präzis genuch: "Zum Beispill géinge mer gär wëssen, wa verschidden Texter hei ausser Kraaft gesat ginn, wéi déi vum Kommodo-Inkommodo oder de Sécherheetsvirschrëften an de Schoulen..., wien d'Responsabilitéit schlussendlech dono dréit. Mir wéisste gär wéi et präzis mat der Ustellung vun neiem Personal ass a mat den Tâchen. Déi Beschreiwung déi hei am Text ass, stellt eis virun eng ganz Rei Fragezeichen."
Der CSV no sollten iwwerdeems scho vun e Méindeg un d'A-B Gruppen och an de méi klenge Klassen am Lycée ëmgesat ginn, an net eréischt wann d'Situatioun sech verschlëmmert. Och de Schülertransport misst schonn no der Vakanz entlaascht ginn, Punkten, déi déi gréissten Oppositiounspartei an de Proposë vum Educatiounsminister an am Text vermësst.
De President vun der zoustänneger Chamberkommissioun Mars Di Bartolomeo huet no der Sëtzung betount, datt pertinent Froe vun allen Deputéierte gestallt goufen an datt insistéiert gouf, datt nach Prezisioune vum Educatiounsministère néideg sinn: "Wann Austausch-Gebailechkeete musse gesicht ginn, wann méi kleng Gruppe vu Kanner mussen zesumme gestallt ginn, wéi eng Konditioune mussen déi erfëllen oder wéi eng och net. A wien hëlt d'Responsabilitéit dofir. Et ass och drëm gaangen, datt wann de physeschen Unterrecht net stattfënnt, datt fir d'Kanner bis 13 Joer och keng Sportaktivitéite kënne stattfannen."
Nieft der Educatioun goufen et awer och eng Partie weider Froen, ënnert anerem wat d'Daten am Zesummenhang mam Impfen ugeet, wéi laang déi dierfe gehale ginn. D'Kommissioun waart elo den Avis vum Staatsrot of, ier se hire Rapport finaliséieren an den Text an der Chamber gestëmmt gëtt: "Do konnte mer feststellen, datt déi Texter, déi mer schonn an der leschter Kommissioun virbereet haten, 1/1 ëmgesat goufen. Do ass Unanimitéit an der Kommissioun gewiescht, datt dat wat mer virleien hunn, dat ass, wat mer brauchen, mä net zweemol dat, wat mer brauchen. Dat heescht, mir versuerge just déi Daten, déi mer brauchen, fir kënnen ze retracéieren, wann an de seelene Fäll, wou Komplikatiounen no laanger Zäit optauchen, datt een déi ka retracéieren am Interêt vum Patient."
Do kéint sech dann och d'Fro vun der Entschiedegung stellen huet den LSAP-Politiker nach präziséiert.