Des Woch an de KannaNiuuss erkläre mir firwat Däitschland net méi andauernd d'Autoe kontrolléieren dierf, déi bei si erafueren, mir kucke wat et mat Tschernobyl op sech huet a besichen eng Méiweneuropameeschterschaft. Dobäi probéieren d'Kandidaten de Kreesch vu Méiwen ze imitéieren. Si maachen dat fir de Spaass, awer och fir ze weisen, wat fir besonnesch cool Déieren d'Méiwe sinn.
Apropos cool Déieren, am Reportage léiere mir de Biber bësse besser kennen. Dee gëtt et nämlech och zu Lëtzebuerg.
Dat alles also an enger neier Episod vun de KannaNiuuss. All Sonndegmoie kuerz virun 9 an 19 Auer op der Tëlee a vunn dann un och zu all Moment am RTL Play.