Aus dem PolicebulletinUm Feierdag waren eng Partie alkoholiséiert Automobilisten ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Op der N12, A13 an zu Diddeleng huet et e Méindeg geknuppt. An deenen 3 Fäll war Alkohol am Spill.

Géint 17.30 Auer krute sech 2 Gefierer op der N12 frontal ze paken. Ee vun den zwee Automobilisten hat Alkohol consomméiert. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet. Et gouf kee schwéier blesséiert.

Op der A13 krut d'Police e Méindeg den Owend ëm 19.20 Auer e Gefier op der Héicht vum Tunnel Éilereng gemellt, dat am Gruef louch. Eng Fuerbunn gouf fir de Verkéier gespaart. Wärend dem Asaz ass dunn e weideren Auto accidentéiert. De Chauffer ass géint d'kalifornesch Mauer gerannt. Dobäi ass ee vun de Pneue geplatzt. Amplaz stoen ze bleiwen, ass den alkoholiséierten Automobilist einfach weidergefuer. Am Rond-point Biff konnt e vun de Beamte gestoppt ginn.

Zu Diddeleng an der Rue de la Libération krut eng Persoun 19.30 Auer en Hydrant ze paken ass an duerno an en Appartementshaus gerannt. De Bäifuerer koum mat liichte Blessuren an d'Spidol. Well den erlaabten Héchstwäert un Alkohol am Blutt iwwerschratt gouf, huet de Chauffer misse säi Fürerschäin op der Plaz ofginn a krut e provisorescht Fuerverbuet.

E weidere Virfall mat Alkohol am Spill gouf et zu Manternach. Een Automobilist wollt bei enger Vitesskontroll net stoe bleiwen. De Permis duerft hie behalen, ma eng Plainte gouf awer agereecht. Hie souz mat manner wéi 1,2 ‰ hannert dem Steier.

Back to Top
CIM LOGO