Um Daach vun engem Réibau war et zu engem Feier komm: d'Isolatiounsmaterial hat gebrannt. D'Pompjeeë vu Stengefort, Habscht, Mamer, Käerch an aus der Stad ware séier op der Plaz. Et gouf kee blesséiert.
Och an der Stad op der Stäreplaz goufen d'Pompjeeë wéinst engem Feier geruff, hei stoung eng Poubelle a Flamen.