Bis den 22. AugustUfank vun engem ganz spezielle Kollektivcongé

Jeannot Ries
De Kollektivcongé, eng al Traditioun, wäert bis den 22. August daueren. Just do, wou eng gewëss Urgence unerkannt gouf, däerf weider geschafft hunn.
Ufank vun engem ganz spezielle Kollektivcongé
De Kollektivcongé, eng al Traditioun, wäert bis den 22. August daueren. Just do, wou eng gewëss Urgence unerkannt gouf, däerf weider geschafft hunn.

Fir vill auslännesch Famillen ass de Congé dëst Joer ee ganz speziellen.

Endlech nees bei d'Famill. De ganzen Dag iwwer war eng méi lass um Findel. Eleng um Freideg hu 4 Fligeren zu Lëtzebuerg op d'Destinatioun Porto verlooss. Där 2 sinn op Lissabon geflunn. Um Donneschdeg waren et der esouguer am Ganzen 10.

Aus Portugal kommen den Ament éischter berouegend Nouvellen. Manner Infektiounen, méi Leit, déi geimpft sinn. Vun e Sonndeg u fält zum Beispill an deenen am meeschte betraffene Regiounen nuets d'Ausgangsspär nees ewech. Geschäfter a Restauranten däerfe bis zwou Auer an der Nuecht op hunn.

En Deel vun den Aarbechter wäert missen hei am Land bleiwen. 2021 ginn et 148 Derogatiounen, fir wärend dem Congé weider ze schaffen. Der 47 fir Chantiere vu Schoulen, der 22 a Fabricken, déi selwer den Ament zou hunn an der 79 fir urgent Schantercher.

Zanter enger Rei Jore kënnt grad ëm des Zäit och ëmmer nees d'Diskussioun ronderëm Sënn an Zweck vum Kollektivcongé op. Eng Traditioun, zanter Mëtt vun de 70er Joren. Kloer ass: et ginn Famillen, déi méi flexibel Reese wéilten.

Back to Top
CIM LOGO