
Wéi et vum ACL heescht, wieren eng Camionnette an een Auto an den Accident verwéckelt. Den Auto war vun Osper op Räichel ënnerwee, wéi d'Camionnette aus engem Feldwee koum an den Auto ze pake krut. De Mann am Auto, deen eleng ënnerwee war gouf a sengem Gefier ageklemmt an huet missten erausgeschnidde ginn. Dono koum hie mam Rettungshelikopter an d'Spidol.
An der Camionnette ware 5 Persounen, vun deenen der zwou hu missten an d'Spidol kommen, et schéngt awer net, wéi wa si schwéier blesséiert gi wieren.
D'Strooss war nom Accident eng Zäit gespaart, mä géint 10.15 Auer huet d'Police matgedeelt, den Accident wier geraumt an d'Strooss nees fir de Verkéier fräi ginn.