Paulette LenertTrotz Hausse vun Neiinfektioune gëtt et nach kee Grond fir aner Mesuren

Lynn Cruchten
Et wier dat agetrueden, wat een antizipéiert an op dat ee sech preparéiert hätt. Dat sot d'Gesondheetsministesch e Méindeg.
Lenert: Aktuell gëtt et kee Grond fir nei Mesuren
Et wier dat agetrueden, wat een antizipéiert an op dat ee sech preparéiert hätt. Dat sot d'Gesondheetsministesch e Méindeg.

Trotz der Hausse vun de Covid-19-Neiinfektiounen géif et nach kee Grond, direkt aner Mesuren ze huelen. Dat sot d’Gesondheetsministesch e Méindeg um Bord vun enger Pressekonferenz. D’Paulette Lenert huet op e Mëttwoch verwisen, wou et Detailer zu der weiderer Corona-Strategie vun der Santé ginn.

Extrait Paulette Lenert (1)

Et géif aktuell weder Grond zur Panik, nach dierft een d’Gestes barrières vernoléissegen. D’Ministesch huet dann och nach emol den Appell un d’Leit gemaach, onnéideg Kontakter ze vermeiden, grad elo wou den Infektiounsrisiko duerch méi Aktivitéiten, méi kal Temperaturen a méi Openthalter dobannen nees géif klammen.

Extrait Paulette Lenert (2)

An de Spideeler mécht sech d’Hausse vun Neiinfektiounen och bemierkbar. Et sinn nees méi Patiente wéinst Covid-19-Symptomer hospitaliséiert. Wou een iwwert de Summer laang an der Phas 0 gewiescht wier an d’Covid-Patiente majoritär an de CHL verwise goufen, géif een elo nees lues an eng Phas 2 geroden, huet den Dr. Claude Schummer, Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, erkläert.

Phas 2 bedeit, dass nees an alle Klinicken zu Lëtzebuerg Covid-Patiente behandelt ginn. Um Kierchbierg sinn et der aktuell 8, eng Persoun läit op der Intensivstatioun. Anescht wéi wärend der 1. Well am Fréijoer géifen déi Kéier d’Aktivitéite vun den anere Servicer an de Spideeler awer net erofgefuer ginn. Dat heescht Patienten mat anere Pathologië kéinten och weiderhin an de Klinicken behandelt an och operéiert ginn.

Well een nawell dovun ausgeet, dass am Laf vun den nächste 14 Deeg weider Covid-Patiente wäerten an de Spideeler mussen opgeholl ginn, kënnt an der Klinik um Kierchbierg zënter e Méindeg nees all Dag eng Cellule de crise beieneen, fir de Point iwwert d’Zuel vu Patienten a Better ze maachen, an awer och vum Personal. Och am Spidolssecteur géifen nämlech Mataarbechter ausfalen, well se duerch Kontakter mat Infizéierten am Privaten zäitweis a Quarantän missten an net dierfte schaffe kommen.

Back to Top
CIM LOGO