Zu Sinzig a Rheinland-Pfalz ass e Freideg an enger Bank eng Geiselnam onbluddeg op en Enn gaangen. Zwou Persounen, déi an de Raum vum Tresor agespaart gi waren, huet d'Police befreit. Vun den Täter feelt nach all Spuer.
E Freideg de Moie géint 9 Auer war d'Police vu Sinzig via automatiséierten Noutruff iwwert eng Geiselnam an der Filial vun der Volksbank informéiert ginn. Stonnelaang war d'Gebai doropshin ëmstallt gewiescht, Kontakt mat den Täter hätt d'Police awer kee gehat, sou offiziell Quellen. Am Nomëtteg hu Beamten d'Gebai gestiermt an zwou Geiselen aus dem Raum vum Tresor befreit. Eng dovu war de Chauffer vun engem Geldtransporter, déi aner e Mataarbechter vun der Bank.

Wéi d'Autoritéite ugangs matdeelt haten, ware si vu méi wéi engem Täter ausgaangen. Iwwert déi genee Unzuel u bedeelegte Persoune gëtt et awer och nom Asaz nach keng Prezisiounen. Ronderëm d'Bank war e Sécherheetsperimeter ageriicht ginn, iwwert der Stad ware puer Helikoptere vun der Police gekreest. Trotzdeem war et dem/den Täter gelongen, d'Bank onbemierkt ze verloossen.
Eng éischt Sichaktioun ass ouni Resultat bliwwen, eng Beschreiwung vu méiglechen Täter gëtt et nach net. E Porte-parole vun der Police huet gesot, dass vun him oder hinne keng Gefor géif ausgoen.