Reaktiounen op d'Kritik vun de PiratenTransparenzregëster fir Deputéiert oder Lobbyisten?

RTL Lëtzebuerg
D'DP an d'CSV blockéieren de geplangten Transparenzregëster fir d'Chamber, haten d'Piraten d'lescht Woch kritiséiert. D'DP an CSV soen: „guer net"!
© RTL Archiv

Geplangten Transparenzregëster / Rep. Fränz Aulner

De Regëster hätt virgesinn, datt Lobbyisten – Intressevertrieder – sech mussen androen, wa se wëllen Afloss op d'parlamentaresch Aarbecht hunn. Deputéiert hätten hirersäits missen deklaréieren, wa se Kontakt mat Leit aus deem Regëster haten. Déi entspriechend Propositioun, fir d'Reglement vun der Chamber ze änneren, gouf an der zoustänneger Kommissioun guttgeheescht, dunn awer erëm zeréckgezunn. Wéi Reporter gemellt hat, wéinst Bedenken an engem juristeschen Avis am Optrag vun der CSV.

Den CSV-Deputéierte Léon Gloden seet: „D'CSV blockéiert de Regëster net". „D'DP och net", sou den André Bauler. Et géing just ëm d'Rechtssécherheet vum Regëster goen. D'Haaptbedenken ass: laut Verfassung muss en Deputéierte kengem Rechenschaft ofginn an e ka vum Quelleschutz profitéieren. Op deem Punkt sinn och LSAP an ADR d'accord. Deemno leeft et dorobber eraus, datt am Hierscht eng nei Propos fir e Regëster kënnt, wou just nach d'Lobbyiste sech mussen androen. Den ADR-Deputéierte Roy Reding, deen och President vun der Reglementekommissioun ass, seet, dat eenzegt, wat ewechfält, ass e „carnet de bord", deen d'Deputéiert hätte misse féieren.

Onzefridde sinn déi Gréng an d'Piraten. Den Députéierte Sven Clement bleift dobäi a freet, wat déi aner Deputéiert ze verstoppen hätten. D'Argument, d'Deputéiert kéinte jo mat kengem méi schwätzen, léisst hien och net gëllen. Och déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché seet, si hätt léiwer, datt och d'Deputéiert am Transparenzregëster implizéiert wieren. Falls dat net esou wäert sinn, wëllen déi Gréng fräiwëlleg oppe leeën, mat wiem se sech treffen.

Egal wéi de Regëster duerno ausgesäit, fir effikass ze sinn, misst et entweder eng extern Kontroll ginn, déi awer all den Deputéierten no ganz schwéier wann net souguer onméiglech wier. Soss muss een op d'Integritéit an d'Éierlechkeet vun de Politiker zielen. Vu datt den Afloss vun engem Deputéierten eleng op e Gesetz relativ kleng ass, wier et iwwerdeems interessant ze wëssen, wéi eng Transparenzregësteren d'Regierung oder d'Gemengen fir sech selwer virgesinn. Illegal Aflossnamen oder Korruptioun, dat ass en anere Regëster (also net wuertwiertlech). A fir déi opzedecken, sinn ënnert anerem d'Police, d'Justiz, international Gremien oder nach heiansdo d'Press zoustänneg.

Back to Top
CIM LOGO