
All dës Iwwerleeunge bréngen déi national Ethikkommissioun dozou, der Regierung ze roden, den informateschen Tracking a Betruecht ze zéien an eng detailléiert Analys ze maache vun den techneschen a juristesche Moyenen, déi dofir néideg sinn. Sou heescht et an enger Stellungnam vun der „Commission nationale d’éthique“ zu den informateschen Hëllefen an der Lutte géint de Covid-19.
Fir d'Kommissioun stoung d'Fro am Mëttelpunkt, ob een d'Deplacementer an d'Kontakter vu Bierger iwwerwaache kann, fir d'Gesondheet vum Vollek ze schützen an de Blockage vun der Gesellschaft z'iwwerwannen.
Fir déi national Ethikkommissioun kënnt den informateschen Tracking an deem Kontext als nëtzlecht Element a Betruecht, ma si vum ethesche Standpunkt hier, rout Linnen ze zéien. Sou en Tracking misst fräiwëlleg, transparent, minimalistesch an, an der Zäit limitéiert sinn, mat engem kloer definéierten Zil an d'Method, fir den informateschen Traçking via Smartphone ze maachen, misst ganz eescht betruecht ginn.
D'Skepsis vu Bierger wär ënnert anerem duerch d'Vertrauen an e minimalisteschen, transparenten a virun allem fräiwëllege System ze iwwerwannen. En Zwang wär keng realistesch Optioun, mä eng fräi Zoustëmmung néideg. D'Leit missten och zu all Moment Donnéeë läsche kënnen, de Fonctionnement vun der App misst an der Zäit limitéiert, d'Dauer vu vir eran definéiert a bekannt, en automatescht Desaktivéieren integréiert an e Verlängere vun der Dauer nëmmen duerch eng ausdrécklech nei Zoustëmmung méiglech sinn. Donieft wär de Risk vun Attacken an Abusen ze reduzéieren.
D'Zréckgräifen op eng zentral Datespäicherung kéint néideg sinn. An deem Fall missten d'Donnéeën allerdéngs op de strikte Minimum limitéiert an de Benotzer net kënnen identifizéiert ginn. D'Kommissioun réit donieft dozou, en externe Comité ad hoc ze schafe mat Informatik-, Gesondheets-, Dateschutz- an Ethikspezialisten an d'Noutwendegkeet a Proportionalitéit vun de Mesurë reegelméisseg ze iwwerpréiwen. D'Benotzer missten doriwwer informéiert ginn, wou si e Feeler melle kënnen an d'international Echangë vun Donnéeë sollten, am Kader vum Dateschutz, op d'EU-Memberlänner limitéiert ginn.
D'national Ethikkommissioun betount nach, dass, wann en Tracing via Smartphone d'Laascht erliichtere kéint, en dann noutwennegerweis als Moyen fir géint d'Kris ze kämpfen, a Betruecht ze zéie wär, en aus politescher Bequeemlechkeet oder Iwwerschätzung vun de Prinzippie vum Dateschutz eraus z'ecartéieren, wär allzäit inacceptabel.
