Depart am EnergieministèreTom Eischen "ka Froen, déi de Ministère betreffen, net kommentéieren"

RTL Lëtzebuerg
Den héije Beamten Tom Eischen verléisst de 15. Oktober den Energieministère a fänkt am Dezember bei Encevo un.

Den Tom Eischen sot eis op Nofro hin, hien hätt op eegen Initiativ fir eng oppe Plaz bei Encevo postuléiert. Hien ass bis de 15. Oktober nach beim Energieministère a "ka Froen, déi de Ministère betreffen, net kommentéieren".

De Mann, deen zanter 2011 d’Generaldirektioun vu der Energie am Wirtschaftsministère gefouert hat, gëtt am Dezember Chef fir d’Energietransitioun bei Encevo.

De gréngen Energieminister Claude Turmes hat ufanks August am RTL-Interivew den Depart vum Tom Eischen als "net tragesch" beschriwen. Eisen Informatiounen no, hunn e puer aner Leit de Ministère verlooss oder sinn um Punkt, en ze verloossen.

Back to Top
CIM LOGO