Traureg Nouvelle vun eise StroossenTëscht Miedernach a Suewelbuer koum et zu engem déidleche Verkéiersaccident

RTL Lëtzebuerg
Eng Automobilistin war en Donneschdegowend géint 21 Auer mat hirem Won vun der Strooss ofkomm a frontal an e Bam gerannt.
© Ken Fitzke / RTL

Fir déi 41 Joer al Fra sollt all Hëllef ze spéit kommen. D’Streck war bis an d’Nuecht era fir den Trafic gespaart.

De Parquet huet eng Analys ordonéiert.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Iermsdref, aus der Fiels, vu Miedernach a Waldbëlleg, grad ewéi de Samu an d'Ambulanz aus der Fiels.

© Police

1 schwéier Blesséierte gouf et dann nach bei engem Accident kuerz no 17 Auer op der Streck tëscht Eschduerf an dem Heischtergronn. E Motocyclist war hei gefall. Nieft dem Samu waren och d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Wolz op der Plaz grad ewéi d'Pompjeeën Alebesch.

Back to Top
CIM LOGO