Punkt fir PunktTëscht 20. Abrëll an 31. Mee: Ronn 116 Persounen a Quarantän positiv getest

Pierre Weimerskirch
22 Prozent vu Leit, déi tëscht dem 20. Abrëll an 31. Mee a Quarantän waren, goufe spéider positiv op de Sars-CoV-2 getest a konnte kee méi infizéieren.
Punkt fir Punkt: Covid-Tester
Tëscht 20. Abrëll an 31. Mee: Ronn 116 Persounen a Quarantän positiv getest

Test- an Tracing-App / Reportage Tim Morizet

An de leschte Woche gouf et nees vill Ouverturen an awer ass d'Zuel vu Nei-Infektioune wieder zréckgaangen an elo an de leschten Deeg am eestellege Beräich bliwwen.

De Large-Scale-Testing ass eng vun de Mesurë fir d'Infektioune fréi ze detektéieren. De Fuerschungsminister Claude Meisch hat ganz am Ufank annoncéiert, dat ee kéint bis zu 20.000 Tester den Dag maachen, wann een awer laanscht Test-Statioune fiert, si se relativ eidel. Nach ass de Retour vun de Leit relativ geréng. A verschidde Secteure loosse sech kaum Leit testen. E Rendezvous kann een nëmmen iwwer Internet huelen, eng Partie Leit ginn esou vun Ufank un ausgeschloss.

Tëscht dem 20. Abrëll an 31. Mee goufen am Grand-Duché 451 Persoune positiv getest. Iwwer Tracing goufe 4.351 Kontakter ermëttelt, ronn 520 Persoune goufen a Quarantän gesat.

22 Prozent vun de Persounen a Quarantän goufen no mindestens 5 Deeg och positiv getest a konnten esou de Virus net weider un aner Persoune ginn.

Back to Top
CIM LOGO