
Et si Biller, déi een sou net aus Lëtzebuerg kennt an dofir och net sou séier vergësst. E grousse Grupp un Demonstranten zitt duerch d'Stad an e puer vun hinnen zecken net, fir de Chrëschtmaart ze stiermen, Barrièren ëmzegeheien a Polizisten a Sécherheetsbeamten ewechzedrécken.
Eng brenzeleg Situatioun och fir vill Passanten, déi e Samschden zoufälleg op den dräi betraffene Chrëschtmäert op der Plëss, bei der Gëlle Fra an op der Paräisser Platz waren. Vill vun hinnen hunn dës Zeenen ongewollt hautno misste materliewen an hu sech an hiert Eegentum misse schützen.
Mir hu mat betraffene Foraine geschwat, déi eis erzielen, wat hien de Samschden um Chrëschtmaart erlieft huet. Si hate Versteesdemech fir d'Decisioun, datt d'Mäert e Samschdeg fir eng Zäit hu missten zougemaach ginn a hoffen, datt si déi nächste Wochen a Méint no zwee schwéiere Joren, méi normal hirer Aarbecht kënnen nogoen.
Sou eng kritesch Situatioun ewéi e Samschdeg wëllen déi Stater Responsabel dëse Weekend evitéieren. E Méindeg de Moie gouf et an deem Kontext schonn eng Reunioun vu Vertrieder vum Parquet, der Police a Gemengeresponsabel.
Mat der Decisioun, d'Chrëschtmäert kuerzfristeg zouzemaachen, wollt een e Samschdeg Schlëmmeres verhënneren. Och huet een net wëlles, d'Chrëschtmäert elo méi laang zouzemaachen, mä et wäert ee fir d'Sécherheet vun de Leit, déi do sinn, schaffen, esou d'Lydie Polfer.
Wärend et bei der gëlle Fra méi hefteg zougoung, goufen op aneren Deeler vum Stater Chrëschtmaart d'Manifestanten eragelooss, d'Bude goufen awer zougemaach an d'Leit evakuéiert. Mir hu mat engem betraffene Forain geschwat an och d'RTL-Journalistin Rosa Clemente, déi zoufälleg deen Ament um Chrëschtmaart war, wéi dësen evakuéiert gouf, gëtt eis hir Andréck am Interview erëm.
Eis Kolleege vum 5Minutes hu mat e puer Passante geschwat, wat si vun der Situatioun gehalen hunn.