Lëtzebuerger a SüdamerikaTemoignagë vun 3 Lëtzebuerger aus Bolivien, Chile an Ecuador

Isabelle Henschen
Südamerika ass den aktuelle Brennpunkt vun der Corona-Pandemie.
Lëtzebuerger a Südamerika
Südamerika ass den aktuelle Brennpunkt vun der Corona-Pandemie.

Bal 12 Wochen nodeems mir en éischte Kontakt mat Lëtzebuerger am Ausland haten, hu mer bei den dräi Lëtzebuerger, déi a Südamerika liewen, nogefrot, wéi déi aktuell Situatioun ass. Hei an Europa kënnt et no an no zum Deconfinement, allerdéngs spëtzt sech d'Lag um südamerikanesche Kontinent weider zou. Mat hirem Handy hu si selwer festgehalen, wéi hiren Alldag dohannen ausgesäit a wéi et fir si an d'Leit am Chile, Bolivien an Ecuador aktuell ass.

Bolivien

D'Martine Greischer wunnt zënter 9 Joer zu Cochabamba, der véiertgréisster Stad a Bolivien. Si huet sech do hiert Liewen opgebaut a schafft fir de Projet "Trabajo digno – wierdeg Aarbecht". An hirer Stad waren am Ufank vun der Quarantän, virun 2,5 Méint, just 2 Fäll, elo sinn d'Better op der Intensivstatioun do all besat. Et sinn der just 6. Zu Cochabamba wunnen awer ëm déi 631.000 Leit. Recommandatiounen an Hëllef fir Awunner sinn net ewéi zu Lëtzebuerg, seet d'Martine Greischer:

"Wat se eis roden ass einfach: bleif doheem a kuckt, dass der net an d'Spidol kommt. Déi meescht Krank, déi mer hei hunn, ginn einfach doheem behandelt, déi kréien einfach gesot, si sollen doheem bleiwen a vill drénken. Su eng richteg grouss Ënnerstëtzung an Hëllef vum Gesondheetssystem kënne mer eis hei net erwaarden."

Ecuador

Den David Rinaldis wunnt zënter 1 Joer zu Loja am Ecuador. Hie schafft als Entomologe, dat heescht, hien erfuerscht Insekten. Zënter Mëtt Mäerz war och am Ecuador eng Quarantän a Kraaft, ma zënter Kuerzem ass dës a senger Provënz gelackert ginn. A verschiddenen Deeler vun Ecuador besteet nach d'Quarantän. De Lockdown huet der Ekonomie am Ecuador geschiedegt a vill Leit hunn hir Aarbecht verluer.

"D'Regierung huet probéiert, deene Leit ze hëllefen, déi wierklech ganz schlecht dru sinn, déi guer keen Iessen haten. Déi Leit konnten e roude Fändel virun hiert Haus oder Appartement hänken an dann huet d'Militär hinnen Iesse bruecht. Mä am grousse Ganzen ass een a Südamerika op sech eleng gestalt. Net just hei am Ecuador, a ganz Südamerika ass een op sech eleng gestalt dat muss ee wëssen. Hei kritt een net vill Hëllef."

Chile

D'Diane Catani wunnt zënter 11 Joer zu Santiago de Chile. Si ass d'Presidentin vun der kultureller Associatioun "Teatro Bus", bitt Theaterworkshops fir Kanner a Famillen am Aarmevéierel un. Dem Diane Catani no ass de Problem a Südamerika, datt d'Leit do dacks vun der Hand an de Mond liewen. Wat also mécht, dass d'Quarantän vu villen net konnt a kann duerchgehale ginn, well si hu misse Sue verdéngen, fir eppes z'iessen ze hunn.

"Hei am Chile ass dat ganzt amfong méi eng humanitär Kris. Och wann dat Gesondheetlecht iergendwann eriwwer ass an d'Gefor ugestach ze ginn, net méi sou grouss ass, da geet et amfong hei ëm déi ganz sozial an ekonomesch Problemer."

Back to Top
CIM LOGO