D'Lëtzebuerger Regierung seet, et géif alles probéiert ginn, fir déi Concernéiert aus Kabul eraus ze kréien. Dofir sollen elo zwee weider Lëtzebuerger Offizieller an d'Regioun goen, fir d'Leit eventuell vum Fluchhafen zu Kabul aus ze guidéieren.
De Mann, dee mat senger Fra a sengen 3 Kanner nach ëmmer zu Kabul festsëtzt, kléngt midd, awer erstaunlech gefaasst um Telefon. Den RTL-Journalist Pierre Weimerskirch huet mat him geschwat. Hie gëtt gewuer, dass d'Famill bei engem Kolleeg iergendzwousch zu Kabul verstoppt ass. An dass déi zwee Jéngst krank sinn: "Mir si wierklech midd. Mir waren 2-3 Deeg beim Fluchhafen."
Den Accès op de Fluchhafen ass de gréisste Problem. Kontrollen déi eng Säit vun den Taliban, déi aner Säit vun den US-Amerikaner. Dausende Mënsche wëlle fort. Et ass Gedrécks a Gejäiz. Puere Chaos. Och wéinst der Gefor vun Terrorattacken, haten déi Alliéiert all de Leit ofgeroden op de Fluchhafen ze goen. De Verdeedegungsminister François Bausch erkläert: "Bei allem Versteesdemech. Mir mussen och kucken, dass d'Leit hiert Liewen net onnëtz op d'Spill setzen. Et ass eng geféierlech Situatioun."
Mä wéi vill kann d'Lëtzebuerger Regierung iwwerhaapt maachen? Et ass een aktuell op virun allem déi belsch Arméi ugewisen. De François Bausch: "Et ass déi eenzeg Méiglechkeet déi mir hunn. Mir schécken elo zwee Leit op d'Plaz wéinst der Informatioun. D'Kooperatioun mat den anere Länner klappt gutt. Ma wa mir op der Plaz sinn, kënne mir vläicht besser kommunizéieren."
Rieds ass vun engem Offizéier an engem Beamten aus dem Ausseministère.
D'Famill mat Lëtzebuerger Pass gouf no quasi 24 Stonne Paus elo nees vun den Autoritéite kontaktéiert. De Familljepapp iwwer Telefon: "Si hunn eis eng Adress gesot, fir e Gate um Fluchhafen. Si hunn vu belschem Militär geschwat. Mir mussen da Pabeiere weisen. Mir wäerten et nach eng Kéier probéieren. Mir sinn awer net sécher, ob et klappt oder net."
Zu Kabul ass et schonn däischter. D'Famill seet, si misst bis 8 Auer en Dënschdeg de Moie bei den Diere vum Gate waarden, fir Accès ze kréien. Mat 3 Kanner. Si hoffen, dës Kéier eragelooss ze ginn.