
Dat huet den Statec an enger Etüd erausfonnt, déi e Mëttwoch de Moie publizéiert gouf.
Fir bal d'Hallschent vun de concernéierte Residenten war dat eng positiv Erfarung, mä d'Schaffen doheem huet net nëmmen positiv Säiten.
Et erspuert ee sech den virun allem zu Lëtzebuerg dacks opwännege Wee op d'Aarbecht. D'Aarbechtskollege stéieren een net. Eng Kéier kuerz bei den Bäcker lafen oder d'Kanner an d'Schoul siche goen: kee Problem. Et ass ee méi fräi säin Alldag z'organiséieren an et ass méi einfach de Beruff an d'Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien. Manner Stress heescht méi Zefriddenheet. D'Avantage vum Teletravail si kloer. An awer war dës Manéier ze schaffen zu Lëtzebuerg net besonnesch wäit verbreet. Och wann se sech dem Statec no wärend dem leschte Joerzéngt bal verdräifacht huet, vu 7 Prozent 2010 op 20 Prozent 2019.
Virun der Covid19 Pandemie wäre Leit mat engem Universitéitsdiplom bal 3 mol méi gëeegent gewiescht fir op Distanz ze schaffen, ewéi Leit mat engem méi niddregen Diplom. Wärend der Kris elo wär dës Differenz méi kleng ginn.
Virun allem beim Staat gëtt duerch d'Coronakris däitlech méi vun doheem aus geschafft. De Pourcentage vun Teletravail hätt do bei 75 Prozent kulminéiert. Am Enseignement, gezwongenerweis jo, bei 96 Prozent.
De Statec präziséiert, dass aus de rezente Sondagen ervirgeet, dass den Teletravail zu Lëtzebuerg am Kontext vu Covid19 fir 55 Prozent vun de Residente éischter eng positiv Experienz war. Nëmme fir 1 vu 7 Persounen, déi vun doheem aus geschafft huet, war dat eng negativ Erfarung.

An normalen Zäiten ass Teletravail awer net Synonym fir Zefriddenheet. Och dat huet den Statec observéiert: déi grouss Majoritéit, nämlech 82 Prozent, vun de Residente sinn éischter respektiv ganz zefridde mat hirer Aarbechtssituatioun. Persounen awer, déi méi ewéi zwee Deeg an der Woch vun doheem aus schaffen, si mat 76 Prozent Zefriddenheet esouguer manner zefridden ewéi där déi just um Büro schaffen.
Déi aner Säit vun der Medaile, déi negativ, ass déi, dass Leit am Teletravail an der Moyenne 4 Stonne méi schaffen ewéi hir Kolleegen um Büro. 55 Prozent vun hinne schaffen och owes an um Weekend. Dat kéint doru leien, dass hir Virgesate méi genee kucken, wéi vill hir Mataarbechter schaffen a manner ewéi laang.

D'Leit ginn um Resultat bewäert, wat dozou féiere kann, dass se Iwwerstonne maachen. Doheem riskéieren och d'Limitten tëscht dem professionellem an dem privatem Beräich ze verwëschen. An d'Kommunikatioun op Distanz kann och méi schwéier sinn.
Den Teletravail kann also wuel agreabel sinn, wann e mat Moss agesat gëtt.